D'Geschicht vum Club

Och wann d'offiziell Grënnung vun eisem Veräin op d'Joer 1996 datéiert ass, reecht eis Geschicht bis an d'Joer 1986 zeréck. Eng Hand voll Leit hun sech deemools zesummefonnt fir déi jonk Matbewunner vun der Gemeng op hirem Liichtmesswee ze begleeden. Den Numm wor zu deeër Zäit nach Club des Jeunes "Peanuts" an d'Clublokal wor nach de Keller vun der aaler Schoul.

No e puer weideren Aktivitéite gouf et allerdéngs roueg em d'Peanuts an et huet bis an d'Joer 1996 gedauert bis de Club des Jeunes Sennéngerbierg endgülteg an ënner senger heiteger Form gegrënnt gouf. De Fokus vun den Aktivitéiten ass an de Folgejoeren e bësse verhuewe gi: Et goung net méi em déi ganz jonk Leit aus der Gemeng mee em d'Altersgrupp 16-28 Joer. De Club des Jeunes um Sennengerbierg gouf zu engem Treffpunkt vun de Jugendlechen aus der Gemeng, zu engem organiséierte Veräi wou déi Jugendlech ënner sech konnte si. Gréisser Aktivitéiten zwëschen 1996 an 2002 wore Grillowender an d'Matorganisatioun vum Stroossbuerger Bal am Sand.

Nodeems am Joer 2003 de gesamte Comité geschlossen zeréck getruede wor, ass eng nei Équipe komm déi d'Entwéckelung vum Club weider no fir bruecht huet. Et koumen ëmmer méi Memberen an et goufen ëmmer méi Aktivitéiten organiséiert. Op eis Baler déi mer säit 2003 jährleg organiséieren, déi lokal Kiermes um Sennengerbierg (an Zesummenaarbecht mam Tennis), oder déi vun Hueschtert (zesumme mat der Amicale Charly) oder Sportsevenementer, de Club des Jeunes Sennengerbierg ass an deene lëschte puer Joer zu engem aktive Member vum intrakommunalen Liewe vu Nidderaanwen gin, huet säi Ruff kontinuéierlech verbessert a gouf am Joer 2005 mat engem neie Container belount. Och, elo am 11. Offizielle Joer ass de Club des Jeunes Sennéngerbierg beschtens opgestallt a wärt och an den nächste Jore säin Deel zum Liewen an der Gemeng bäidroen.