Quizowend 2. Juli 2011

De Club des Jeunes Sennéngerbierg an de Club 50 Plus invitéiren op déi dretten Editioun vun hierem Quizowend.


Erlieft e puer flott, spannend a witzeg Stonnen mat Froen zu 5 verschiddenen Themegebidder wou een weisen kann zu wat een als Team fäheg ass.
Mol ganz intellektuell, mol spaasseg – bei eise Froen kommen är gro Zellen an d’Schweessen!

Froen aus 5 Rubriken : Sport, Geo/Geschicht, Aktueles/Politik, Entertainment, Sciences/Allgemengwessen


Natiirlech braucht dir weder Honger nach Duuscht ze leiden. Och wann dir keng Loscht hutt matzequizen, kënnt dir awer gären laanschtkommen an deenen Aneren beim Nodenken nokuken, e gudden Patt huelen an en Häppchen iesse.


De Gewënner wénken Praisser am Wert vun méi wéi 500€.

 
Dir wëllt matspillen? Da mellt är Equip lo schonns un via Mail (comite@cdjs.org) oder Telefon: 621 708 923 (17:00-20:00 Auer).
Wann dir Haam, Fritten an Zalot wëllt iessen, da biede mir iech och am Viraus iwwert de selwegte Wee ze reservéiren. Gegrills kritt dir deen Owend awer och ouni Reservatioun.


Dir wellt bis laanschtkommen: da gesi mir eis e Samsden, den 2.Juli 2011 um 20:00 Auer zu Nidderaanwen am Loisi (a fir d’Iessen schon um 19:00 Auer)!

De Club des Jeunes Sennéngerbierg.

Mir sinn och op Facebook